Oppen Dieren - Impfcampagne

Von Bill Wirtz

De Bill Wirtz verfollegt d'Geschéien an der Europäescher Unioun. Hie schwätzt mat de Lëtzebuerger Vertrieder iwwer aktuell Themen an haakt no bei den europäeschen Dossieren, an deenen iwwer Saache verhandelt an decidéiert gëtt, déi de Grand-Duché betreffen.

Oppen Dieren - Ep. 1

Transparenz a Strategie beim Impfen

D'Impfstrategie vun der Europäescher Union geréit wéinst der net optimaler Koordinatioun an d'Kritik. D'Europäesch Kommissioun mengt, et wier alles an der Rei, mee de Verstouss vun Däitschland géint den “Joint Procurement Agreement” weist en anert Bild. Doriwwer eraus ass d'Europäescht Parlament der Meenung, dass et un Transparenz feelt, woubäi d'Europadeputéiert Tilly Metz de Virstouss zum Thema "Transparenz bei Impfstoffer" uféiert.

*op Lëtzebuergesch