
Talk a Musek am Mix. Den Triathlet a Schoulmeeschter Yannick Lieners schwätzt vu sengem Plooschter Projet. Unhand vu senge Liiblingslidder erzielt hien, wat et mat der fonkelneier Kommunikatiounscampagne vun der ASBL op sech huet, wéi säin eegene Kampf géint Leukemie bis haut verlaf ass, a wéi eng Bedeitung Musek fir hien huet.
Wat ass méi intim, wéi seng Liblingslidder mat engem ze deelen? An och nach dobäi z’erzielen, firwat een déi Lidder lauschtert. De Lëtzebuerger Journal proposéiert mat “Hannert der Fassad” en innovatiivt Interview-Format op Spotify, dat och emol aner Säite vun den Invitéeën ervirbréngt. Alles kompakt an enger Playlist.
E bësse wéi Radio, just besser.
Wichteg : D'Playlist op Spotify net am Shuffle ofspillen, mee einfach uewen an der Playlist de grousse Play-Knäppchen drécken a lafe loossen.