
Talk a Musek am Mix. De Songwriter Daniel Balthasar huet säin neien Album "Somebody's Somebody" erausbruecht. Bei eis héiers de seng privat Playlist an en erzielt, wéi dës Lidder vun anere Kënschtler seng eegen nei Songs beaflosst hunn, a wéi eng Momenter a sengem Liewen hien domadder verbënnt.
Wat ass méi intim wéi seng Liblingslidder mat engem ze deelen? An och nach dobäi z’erzielen, firwat een déi Lidder lauschtert. De Lëtzebuerger Journal proposéiert mat “Hannert der Fassad” en innovatiivt Interview-Format op Spotify, dat och emol aner Säite vun den Invitéeën ervirbréngt.
E bësse wéi Radio, just besser.
Wichteg: D'Playlist op Spotify net am Shuffle ofspillen (grénge Play-Knäppchen), mee einfach beim éischte Bäitrag de wäisse Play-Knäppchen drécken a lafe loossen.