Evergreens - Mat Geld eppes Positives bewierken

Sponsored content

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

Evergreens #6

Mat Geld eppes Positives bewierken

Den Impact Investing stellt nach eng relativ kleng Kategorie vum weltwäit investéierte Geld duer, mee am Zäitalter vun der Nohaltegkeet kritt si eng ëmmer méi grouss Bedeitung. D’Fro stellt sech allerdéngs, wéi een als klengen, privaten Investor Zougang dozou kritt a wou d’Risike par rapport zu aneren Investissementer leien.

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Annemarie Arens ass Directrice indépendante a Fongegesellschaften, vun deenen der vill am Impact Investing aktiv sinn. De Lennart Duschinger ass Conseiller am Finanzministère fir nohalteg Finanzen. De Georges Bock huet mat Investre eng ESG-fokusséiert Fintech Startup gegrënnt a wëll de Leit et erméiglechen, a Sustainable an Impact Fongen z’investéieren.

*op Lëtzebuergesch